René Lauer an Morgan Meyer
1995, nom Optrëtt an der Zeltstadt am Kader vum M.U.H. Concert, stoung dunn am Lëtzebuerger Land iwert Plakeg oder Ugedoen folgendes geschriwwen : “jeune duo … avec leurs chansons délicieusement naïves, souvent dadaistes et proches de la tradition du cabaret, [qui] jouent souvent devant un public confidentiel, mais enthousiaste” 2 Opnahmen huet Plakeg oder Ugedoen och schon erausginn. Et sin dëst : “Lunker”, eng Audio-Cassette mat 12 Lidder, an “d’Wurmlidd”, op der MUH CD (1995). Regelméisseg waren de René an de Moogy och um Radio fir hir Lidder en direct ze spillen (ARA, LRB an 100,7). D’Wurmlidd war ënner anerem dunn während 3 Wochen Nummer 1 op der Luxparade. D’Iddi fir eng eegen CD – "Mähdrescher, spruddel mech" opzehuelen soll dann elo, nach virun Enn 2004, realiseiert gin.
Am ganzen huet Plakeg oder Ugedoen em die 50 Concerten gin. Zu denen gréissten gehéieren Waiss Rouss (1993), MUH an der Zeltstad (1995), Rock am Wengert (1995 an 1996) an Après Soleil Festival (2001). Op der Munni-Tour huet Plakeg oder Ugedoen innerhalb vun knapp 2 Wochen 10 Concerten uertertd’ganz Land gespillt. Matt grousser Freed, sin si gewuer ginn dat hir Lidder och alt emol bei Scouten Owender gesongen gin an de René sengt verschidde Lidder och fir sein Bouf un d’Schlofen ze kréien. Plakeg oder Ugedoen hier Texter erzielen op witzeg Art a Weis vun der Léift, der Jugend, vu Frëndschaft, der Natur, vun Intoleranz an soziale Problemer. Dene groussen an dene klenge Problemer die dës Welt eben huet. Während hieren Optrëtter verkleede sie sech, als Aarbechter, Matrousen, Rock oder Reggae Staren, an heiansdo och emol baal plakeg.